Paul Henreid
éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Henreid, gebuer als Paul Georg Julius Freiherr von Hernried den 10. Januar 1908 zu Triest deemools Éisträich haut Italien a gestuerwen den 29. Mäerz 1992 zu Santa Monica a Kalifornien, war en éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
Paul Henreid | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paul Georg Julius Freiherr von Hernried Ritter von Wassel-Waldingau |
Gebuer |
10. Januar 1908 Triest |
Gestuerwen |
29. Mäerz 1992 Santa Monica |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA, Éisträich-Ungarn |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller |
De Paul Henreid huet Schauspill zu Wien am Max-Reinhardt-Seminar studéiert. Hien ass zu Wien am Theater opgetrueden duerno och nach zu London an zu New York.
Hie krut am Ufank vun den 1930er Jore seng éischt Rollen an däitschen an an éisträichesche Filmer. Wéinst dem Nationalsozialismus ass hien 1935 an England an duerno an d'USA emigréiert.
Bedeitend Filmer an deene hie matgespillt huet sinn: Now, Voyager (1942) vum Irving Rapper, Casablanca (1942) vum Michael Curtiz an The 4 Horsemen of the Apocalypse (1962) vum Vincente Minnelli.