Päerdscourse
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Päerdscourse (oder e Päerdsrennen) ass eng Vitesskompetitioun am Reitsport bei där d'Päerd sou séier wéi méiglech iwwer eng gewëssen Distanz lafe muss. Gemenkerhand sëtzt den Jockey am Suedel um Päerd oder an engem Weenchen, dem Sulky dee vum Päerd gezu gëtt. D'Päerdscoursse gi meeschtens an engem Hippodrom ausgedroen, woubäi et do Ënnerscheeder gëtt wat de Buedem ugeet: et gëtt Grasbunnen ((en) Turf) a Sandbunnen ((en) Dirt Track). Do dernieft gëtt et nach e besonnesche Fall an der Schwäiz, wou am Wanter Courssen um zougefruerene Séi zu Sankt Moritz an zu Arosa organiséiert ginn.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Päerdskompetitioune bei deenen et drëm geet esou séier wéi méiglech an d'Zil ze kommen. Fir aner Kompetitioune mam Päerd, kuckt wgl. Reitsport. |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fréier goufe vereenzelt och Courssen an de Stroosse vun enger Uertschaft ausgedroen.