Oskar Werner
éisträichesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Oskar Werner, gebuer als Oskar Josef Bschließmayer den 13. November 1922 zu Wien a gestuerwen den 23. Oktober 1984 zu Marburg war en éisträichesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Oskar Werner | |
---|---|
Gebuertsnumm | Oskar Josef Bschließmayer |
Gebuer |
13. November 1922 Wien |
Gestuerwen |
23. Oktober 1984 Marburg |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller |
Zoumaachen
Den Oskar Werner huet nieft senger Haaptaktivitéit am Theater och an e puer bedeitende Filmer matgespillt, sou am Joer 1955 am Max Ophüls sengem Film Lola Montès nom Roman "La vie extraordinaire de Lola Montès" vum Cécil Saint-Laurent, dann 1962 am Film Jules et Jim vum François Truffaut no engem Roman vum Henri-Pierre Roché an 1965 am Spionagefilm The Spy Who Came In from the Cold vum Martin Ritt nom Roman vum John le Carré.