Oscar Niemeyer
brasilianeschen Architekt / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Oscar Ribeiro de Almeida Niemeyer Soares Filho, gebuer de 15. Dezember 1907 zu Rio de Janeiro an och do gestuerwen de 5. Dezember 2012, war e brasilianeschen Architekt. Zu senge bekanntste Wierker zielen déi ëffentlech Gebaier, déi e fir déi nei brasilianesch Haaptstad Brasília entworf huet, an déi 1987 vun der UNESCO als Weltkulturierwen erkläert goufen.
Oscar Niemeyer | |
---|---|
Gebuertsnumm | Oscar Ribeiro de Almeida Niemeyer Soares Filho |
Gebuer |
15. Dezember 1907 Rio de Janeiro |
Gestuerwen |
5. Dezember 2012 Rio de Janeiro |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Brasilien |
Aktivitéit | Architekt, Designer, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Politiker, Urbanist |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina |
Den Niemeyer huet ufanks am Architektebüro vum Lúcio Costa geschafft, gouf spéider säin Assistent an huet an den 1940er Joren och mam Le Corbusier zesummegeschafft.
Hien huet scho fréi mat Stolbëtong geschafft a konnt sou seng geschwonge Forme realiséieren a gouf séier ee wichtege Vertrieder vum Modernismus an der Architektur.
1966, zwee Joer nodeem d'Militär a Brasilien un d'Muecht koum, ass den Niemeyer, dee Member vun der Brasilianescher Kommunistescher Partei war, an den Exil a Frankräich gaangen. An den 1970er Joren huet hien nees Coursen a Brasilie ginn, an ass 1982, nodeem et 3 Joer virdrun eng Generalamnestie gouf, nees hannescht duer wunne gaangen.