Olympia (Griicheland)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Olympia (gr.: Ολυμπία) war en Hellegtum zum Zeus zu Elis an och d'Plaz wou d'Olympesch Spiller vun der Antiquitéit ausgedroe goufen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Hellegtum Olympia a Griicheland. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Olympia. |
Schonn am Mëttelhelladikum stoung op der Plaz vun der spéiderer Altis eng kleng Uertschaft. Aus mykenescher Zäit goufen allerdéngs nëmme vereenzelt Saache fonnt, wärend um Hiwwel westlech iwwer Olympia a mykenescher Zäit eng wichteg Uertschaft stoung. D'Kultplaz ass ëm d'10./9. Joerhonnert v. Chr. entstanen. D'monumental Baute kruten hir definitiv Form allerdéngs eréischt am 4. Joerhonnert v. Chr.. Am Joer 426 huet den ostréimesche Keeser Theodosius II. d'Spiller an d'Fester op där Plaz verbidde gelooss, fir d'Heedentum ze bekämpfen.