Oktant
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Oktant ass e nautescht Instrument fir Wénkelen ze moossen. Säin Numm bezitt sech op seng Skala vu 45° - engem Aachtel-Krees. De Miessëmfang huet awer wéinst der Spigelung am Straalegank dat Duebelt - nämlech 90°. Deementpriechend ass d'Skala agedeelt.
Hie gouf vun den engleschen Astronom a Mathematiker John Hadley zesumme mat senge Bridder George (1685-1768) an dem Henry (*1687) entwéckelt. Am Joer 1731 hu si den Oktant der Royal Society zu London virgestallt. Am Ufank gouf d'Instrument Hadley-Quadrant genannt, a gouf zum Virleefer vum moderne Sextant. Déi ufanks ronn 50 cm grouss Holzinstrumenter konnten duerch d'Benotze vu Messeng op eng handlech Mooss verklengert ginn.
Well den Oktant nëmme Wénkele bis zu 90° moosse kann - also nëmmen zum Deel ze gebrauche war -, gouf hien am 18. a fréien 19. Joerhonnert duerch de Sextant ersat.