Nino Rota
italieenesche Komponist / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nino Rota, gebuer den 3. Dezember 1911 zu Mailand a gestuerwen den 10. Abrëll 1979 zu Roum, war en italieenesche Komponist.
Nino Rota | |
---|---|
Gebuertsnumm | Giovanni Rota Rinaldi |
Gebuer |
3. Dezember 1911 Mailand |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1979 Roum |
Doudesursaach | Koronarthrombos |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien, Italien |
Educatioun |
Curtis Institute of Music, Accademia Nazionale di Santa Cecilia |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Enseignant, Pianist, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmkomponist, Lecteur, Museker |
Hien ass bekannt fir seng Kompositioune vu Filmmuseken, absënns déi vum Federico Fellini senge Filmer, mat dem en zënter 1952 un all senge Filmer zesummegeschafft huet. Seng bekanntst Kompositioun dierft awer déi vum Francis Ford Coppola sengem The Godfather sinn.
Den Nino Rota huet am Ganzen eng 150 Filmmuseke geschriwwen. Manner bekannt ass en als Komponist vun Instrumentalstécker fir Concerten. Vun him sinn 10 Operen, 23 Ballet- a Bünekompositiounen, 3 Sinfonien, 3 Concerte fir Piano, 3 fir Violoncello, 1 fir Kontrabass (Divertimento Concertante, 1973), 1 fir Trombonn, 1 fir Hautbois, 1 fir Harf, ee fir Sträicher, souwéi Kummer-, Piano- a Chouermusek.
Hie krut 1975 den Oscar fir déi bescht Filmmusek fir The Godfather - Part II, och vum Francis Ford Coppola.