National Space Development Agency
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'National Space Development Agency (kuerz NASDA, op Japanesch: 宇宙開発事業団, Uchū Kaihatsu Jigyōdan, op Lëtzebuergesch: National Raumfaartentwécklungsagentur) war eng japanesch Weltraumagentur, déi den 1. Oktober 1969 gegrënnt gouf. D'NASDA war fir d'Entwécklung, de Start an de Betrib vu Satellitte responsabel. Vun 1969-1977 war den Hideo Shima Chef vun der Agence. Hie war virdru scho fir de Shinkansen-Projet verantwortlech.
Den 1. Oktober 2003 ass d'NASDA mam Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) an dem National Aerospace Laboratory of Japan (NAL) an der neier Japan Aerospace Exploration Agency (JAXA) opgaangen.