Mijas
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mijas ass eng Uertschaft a Gemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Et ass eng vu den 100 selbststännege Gemengen an der Provënz Málaga.
Séier Fakten Land, Awunner ...
Mijas | |
---|---|
Land | Spuenien |
Awunner | 91.691 (2023) |
Fläch | 148,8 km² |
Koordinaten | 36°35'44,00"N, 4°38'14,00"W |
Postcode | 29649–29651 |
Websäit | http://www.mijas.es |
Zoumaachen
D'Stad Mijas hat 64.288 registréiert Awunner (Stand: 2007), op enger Fläch vun 149 km². Dat entsprécht 431,5 Awunner pro km². Well et a Spuenien (wéi an England) keng gesetzlech Virschrëft gëtt, fir sech unzemellen, ass d'Zuel vun den Awunner a Wierklechkeet awer méi héich. Dat trëfft besonnesch fir d'Auslänner zou, déi do wunnen. D'Briten stinn op der éischter Plaz, gefollecht vun den Däitschen, Skandinavier, asw.. D'Awunner vu Mijas disposéieren pro Kapp iwwer dat hëchst Akommes vun de Gemenge vun der Costa del Sol. Offiziell Sprooch ass Spuenesch (Kastilianesch).