Miguel Ángel Asturias
guatemalteekesche Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Miguel Ángel Asturias Rosales, gebuer den 19. Oktober 1899 zu Guatemala-Stad a gestuerwen den 9. Juni 1974 zu Madrid, war e guatemalteekesche Schrëftsteller, Dichter an Diplomat. Hie krut 1967 den Nobelpräis fir Literatur fir säin Zyklus vun dräi Romaner, dee Banannen-Trilogie genannt gëtt.
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Miguel Ángel Asturias | |
---|---|
Gebuertsnumm | Miguel Ángel Tejada Peñuela |
Gebuer |
19. Oktober 1899 Guatemala-Stad |
Gestuerwen |
10. Juni 1974 Madrid |
Nationalitéit | Guatemala |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Diplomat, Journalist, Politiker, Juristesche Schrëftsteller |
Hien ass e Representant vum Magesche Realismus an der latäinamerikanescher Literatur, deen a sengem Wierk d'Mythen a Legende vun den indigene Vëlker aus senger Heemecht verschafft, besonnesch déi vun de Mayaen an deenen hirem Haaptvollek, de Quiché. Ausserdeem thematiséiert den Asturias déi sozial, politesch an ekonomesch Konditioune vu Latäinamerika, d'negativ Auswierkunge vun den Diktaturen an den Afloss vun den USA an dëser Regioun.
Den Asturias gouf um Kierfecht Père-Lachaise zu Paräi begruewen.