Michelangelo Merisi da Caravaggio
italieenesche Moler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Michelangelo Merisi (och alt Michael Angelo Merigi), bekannt ënner den Numm vun der Uertschaft, wou senge Elteren hierkoumen, nämlech Caravaggio, gebuer den 29. September 1571 zu Mailand a gestuerwen den 18. Juli 1610 zu Porto Ercole beim Monte Argentario), war en italieenesche Moler vum Fréibarock.
Michelangelo Merisi da Caravaggio | |
---|---|
Gebuertsnumm | Michelangelo Merisi |
Gebuer |
29. September 1571 Mailand |
Gestuerwen |
18. Juli 1610 Porto Ercole |
Aktivitéit | Moler |
Hien ass bekannt dofir, datt en an der Molerei en neien, méi realistesche Stil agefouert huet: Bis dohinner war et ugesot, Sujeten op eng manieristesch Manéier ze molen. De Carvaggio huet do dergéint a senge Biller vill mat Liichteffekte geschafft (Liicht, dat z. B. wéi op enger Theatebün, queesch vun der Säit op eng soss däischter Zeen fällt), an och bei der Wiel vun de Sujeten profan a sakral Theeme vermëscht (dacks biblesch Zeenen, déi op e realistesch-zäitgenëssesche Kader iwwerdroe goufen).
De Carvaggio hat e groussen Afloss op aner Moler, déi hei ans do Carvaggiste genannt goufen, dorënner Leit wéi Rubens oder Rembrandt.