Michel Onfray
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Michel Onfray, gebuer den 1. Januar 1959 zu Argentan am franséischen Departement Orne, ass e franséische Philosoph, Atheismus- an Hedonismus-Propagandist.
Michel Onfray | |
---|---|
Gebuer |
1. Januar 1959 Argentan |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Philosoph, Essayist |
De Michel Onfray, deen aus klenge Verhältnesser staamt, huet Philosophie studéiert a gouf och doranner promovéiert. Hie war eng Zäit Professer am Lycée technique Sainte-Ursule zu Caen ier e bei der Éducation nationale demissionéiert huet fir d'Université populaire de Caen ze grënnen[Wéini ?], wou en zanterhier Virliesunge hält.
Hie schreift oder diktéiert vill, op Basis vun de Virbereedunge fir seng Virliesungen, awer och als Reaktioun op aktuell Theemen oder Problematiken. Hien huet alt bis néng Bicher an engem Joer publizéiert; bis 2020 hat hie scho gutt honnert Bicher erausbruecht, déi gréisstendeels a méi wéi fënnefanzwanzeg Sproochen iwwersat goufen. Am Summer 2020 ass déi éischt Nummer vu Front populaire erauskomm, enger Revue déi hie lancéiert huet fir, am Kontext vun de soziopoliteschen an ekonomesche Problemer vu Frankräich (Mëstraue virun der Politik, Kris vun de Gilets jaunes, dauerhafte Chômage, asw.), Ännerungen ze proposéieren an nei Léisungen ze fannen.
Hien huet sech eng Spezialitéit draus gemaach, verschidden Denker ze revisitéieren an eventuell vun hirem Sockel erofzestoussen (de Sigmund Freud, de Marquis de Sade, den Alexis de Tocqueville, de Philosoph Alain, asw.). Hie versteet sech als Libertär, fir net "Anarchist" ze soen, an ass en Unhänger vum Pierre Joseph Proudhon senge soziopoliteschen Iddien (Mutualissem, Federalissem, asw.).