Manneken Pis
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Manneken Pis ass e Sprangbuer a Form vun enger Statu vun engem klenge Jong, dee seecht, am Zentrum vu Bréissel. En ass 58 cm héich a steet op engem Sockel, um Eck vun der Rue de l'Étuve/Stoofstraat an der rue du Chêne/Eikstraat, net wäit ewech vun der Grand-Place/Grote Markt. E gëllt als ee vun de Symboler vu Bréissel.
Typ |
Touristenattraktioun, Skulptur |
---|---|
Land | Belsch |
Gemeng | Bréissel |
Plaz | Pentagon |
Koordinaten | 50°50'41,9438"N, 4°20'59,9568"O |
Héicht | 55,5 Zentimeter |
Material | Bronz |
Kënschtler | Hiëronymus Duquesnoy den Eeleren |
Schonns 1388 stoung op där Plaz e Buer, dee Julianekensborre genannt gouf, mat ë. a. enger stengener Statu. 1452 gouf an engem Dokument mat daer dmenneken pist ("wou de Männche pisst") eng Plaz beschriwwen, a war spéitstens 1572, op engem Stadplang ze gesinn, en Toponym.
1619 gouf de Buer erneiert, de Sculpteur Hiëronymus Duquesnoy den Eeleren huet, nom Virbild vun anticke putti pisciatori, eng bronze Statu gemaach, déi op eng Sail stoe koum. D'Figur gouf beim Bombardement vu Bréissel, 1695 duerch de Louis XIV., a Sécherheet bruecht, an huet et iwwerlieft.
1745 hunn englesch Zaldoten d'Statu matgoe gelooss, si konnten awer zu Geraardsbergen gepëtzt ginn, sou datt de Männchen nees op Bréissel koum. D'Geraardsbergener kruten als Merci eng Kopie geschenkt.