Manitas de Plata
franséische Gittarist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Manitas de Plata, gebuer de 7. August 1921 zu Sète a gestuerwen de 6. November 2014 zu Montpellier; fir richteg Ricardo Baliardo, war e franséische Gittarist, deen duerch säi virtuost Gittarenspill Enn vun den 1950er Jore weltberüümt gouf. Säi spuenesche Kënschtlernumm bedeit "Hännercher aus Sëlwer". Hie kënnt aus enger Famill vu franséische Roma.
Manitas de Plata | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ricardo Baliardo |
Gebuer |
7. August 1921 Sète |
Gestuerwen |
6. November 2014 Montpellier |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Gittarist, Sänger |
Dacks ass hien uechter d'Welt mat sengem Koseng José Reyes, engem Flamencosänger aus Nice, opgetrueden. Och aner Familljememberen - Jongen, Neveuen, Eedemen - stoungen ënner dem Ensembelnumm Los Baliardos mat him op der Bün, an en huet mat hinnen en neie Flamencostil entwéckelt, deen um Rhythmus vun der Rumba basiéiert huet. Hie gouf zu Saintes-Maries-de-la-Mer an der Camargue entdeckt, a Leit wéi Lucien Clergue, Pablo Picasso oder Salvador Dalí hunn ufanks seng Karriär ënnerstëtzt.