Mário Soares
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mário Alberto Nobre Lopes Soares, gebuer de 7. Dezember 1924 zu Lissabon, an och do de 7. Januar 2017 gestuerwen, war e portugisesche Politiker an eng Schlësselfigur vun den Ufanksjore vun der Drëtter Republik.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Mário Soares | |
---|---|
Gebuertsnumm | Mário Alberto Nobre Lopes Soares |
Gebuer |
7. Dezember 1924 Lissabon |
Gestuerwen |
7. Januar 2017 Lissabon |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Portugal |
Educatioun | Universitéit vu Lissabon |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Maria Barroso |
Zoumaachen
Hien huet den 19. Abrëll 1973 am Exil zu Bad Münstereifel d'Sozialistesch Partei vu Portugal gegrënnt. 1974, no der Oeillets-Revolutioun, gouf hien Aussenminister. Dono war hien dräimol Premierminister: vun 1976 bis 1977, 1978 a vun 1983 bis 1985.
Vun 1986 bis 1996 war hien iwwer zwee Quinquennate President vun der Republik Portugal.
Dono war hie vun 1999 bis 2004 Deputéierten am Europäesche Parlament.