Lionel Hampton
US-amerikaneschen Jazzmuseker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lionel „Hamp“ Hampton, gebuer den 20. Abrëll 1908 zu Louisville, am Kentucky, a gestuerwen den 31. August 2002 zu New York, war en US-amerikaneschen Jazzmuseker.
Lionel Hampton | |
---|---|
Pseudonym | Hemp, Esztelen Lionel |
Gebuer |
20. Abrëll 1908 Louisville |
Gestuerwen |
31. August 2002 New York |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Südkalifornien |
Aktivitéit | Bandleader, Saxophonist, Komponist, Jazzmuseker, Schauspiller, Perkussionist, Pianist, Vokalist |
Partei | Republican Party |
Hien ass bekannt als Bandleader, Jazzperkussionist a Virtuos um Vibraphon. Den Hampton zielt haut zu de berüümtsten Jazzmuseker; mat villen anenern, wéi dem Benny Goodman, dem Charlie Parker oder dem Quincy Jones, huet hien zesummegeschafft.
1930 huet hie seng éischt Placke mam Louis Armstrong opgeholl, op deenen e Vibraphon gespillt huet. Hien huet de Vibraphon als jazzinstrument populär gemaach. Wann e Piano gespillt huet, huet en dat mat zwéi Fangere gemaach, sou wéi wann e Vibraphon spille géf. 1934 huet de Lionel Hampton seng eege Band op d'Bee gestallt, huet dunn awer fir véier Joer am Benny Goodman sengem Quartett gespillt, eng vun den éischte Bands, déi net segregéiert waren.
1940 huet hien nees eng eegen Tourneeband gegrënnt. A sengem Ensembel hu Leit gespillt wéi den Illinois Jacquet, Dexter Gordon, Ernie Royal, Jack McVea, Charles Mingus, Monk Montgomery, Wes Montgomery, Quincy Jones, Benny Golson, Fats Navarro, Kenny Dorham, Clifford Brown, Dinah Washington, Betty Carter, Joe Williams, Arnett Cobb, Earl Bostic, Art Farmer oder Clark Terry.