Liewensmëttel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Liewensmëttel sinn d'Ernierungsmëttel, déi d'Mënsche fir d'Iwwerliewe brauchen.
Eng weider erwënscht Funktioun vum Konsum vun de Liewensmëttelen ass de Genoss. Genossmëttel zielen zu de Liewensmëttelen, mee ginn net an éischter Linn wéinst hirem Nierwäert konsuméiert, oder fir sat ze ginn, mee wéinst hirem Goût oder hirer Wierkung op de Konsument.
Liewensmëttel fir Déieren, déi vum Mënsch ugebuede ginn, ginn allgemeng Fudder oder Fuddermëttel genannt.