Koalitiounskricher
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Koalitiounskricher (och Napoleonesch Kricher oder Kricher vun der Franséischer Revolutioun) hu vu 1792 bis 1815 gedauert. Si stoungen an der Kontinuitéit vun de Konflikter, déi duerch d'Franséisch Revolutioun ervirgeruff gi waren.
A verschiddene Koalitioune vun den europäesche Groussmuechte goufe véier Kricher géint d'franséisch Republik an den Napoleon Bonaparte gefouert. Si loosse sech a véier Phasen andeelen:
- d'Revolutiounskricher (1792-1802) - 1. an 2. Koalitioun
- d'Napoleonesch Kricher (1804-1812) - 3. bis 5. Koalitioun
- de Russlandfeldzuch (1812) an d'Befreiungskricher (1813-1814) - 6. Koalitioun
- de Feldzuch nodeem den Napoleon aus der Verbannung zeréckkomm war (1815) (Cent-Jours)