Kate Winslet
brittesch Schauspillerin a Sängerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kate Elizabeth Winslet, CBE, gebuer de 5. Oktober 1975 zu Reading, Berkshire, ass eng brittesch Schauspillerin a Sängerin.
Kate Winslet | |
---|---|
am Joer 2014 | |
Gebuertsnumm | Kate Elizabeth Winslet |
Gebuer |
5. Oktober 1975 Reading |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Sänger, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Sam Mendes |
Liewenspartner(in) | Stephen Tredre |
No éischten Haaptrollen ë. a. am Peter Jackson sengem Film Heavenly Creatures (1994) an am Ang Lee senger Verfilmung vun der Jane Austen hirem Sense and Sensibility gouf si weltbekannt duerch hir Roll vun der Rose am James Cameron sengem Filmdrama Titanic, deen zweet-erfollegräichste Film vun allen Zäiten. Fir hir Interpretatioun vun der Hanna Schmitz an der Verfilmung vum Bernhard Schlink senger Erzielung Der Vorleser, The Reader vum Stephen Daldry, krut si 2009 den Oscar fir déi beschte weiblech Haaptroll.
2001 hat si e grousse Succès mam Lidd What If, dat Deel vum Soundtrack vum Animatiounsfilm Christmas Carol: The Movie war.