Karl Guthe Jansky
US-amerikanesche Physiker, Astronom a Radioingenieur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Karl Guthe Jansky, gebuer den 22. Oktober 1905 zu Norman, Oklahoma a gestuerwen de 14. Februar 1950 zu Red Bank, New Jersey war en US-amerikanesche Physiker, Astronom a Radioingenieur. Hie war den Entdecker vun der Radioastronomie, wou hien am Joer 1932 festgestallt huet, datt d'Mëllechstrooss Radiostralung emittéiert.
Karl Guthe Jansky | |
---|---|
Gebuer | 22. Oktober 1905 |
Gestuerwen | 14. Februar 1950 |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Wisconsin-Madison |
Aktivitéit | Astronom, Physiker, Erfinder, Astrophysiker |
De Jansky huet bis 1927 op der University of Wisconsin studéiert. Vun 1928 un, huet hie bei Bell Laboratories zu Holmdel, New Jersey geschafft.
No méintlaangen Ënnersich entdeckt hie 1931, datt eng Quell vun onidentifizéierter Radiointerferenz stellaren Urspronk war. 1932 konnt hien d'Richtung am Stärebild Sagittarius bestëmmen. An dësem Stärebild louch no Usiicht vu Harlow Shapley a Jan Hendrik Oort Zentrum vun eiser Mëllechstrooss.