Juliette Binoche
franséisch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Juliette Binoche, gebuer den 9. Mäerz 1964 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Juliette Binoche | |
---|---|
Gebuer |
9. Mäerz 1964 12. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Paräisser Conservatoire |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Synchronspriecher, Auteur, Kënschtler, Dichter, Schrëftsteller, Dänzer |
Famill | |
Bestuet mat | Santiago Amigorena |
Liewenspartner(in) | Leos Carax, Olivier Martinez, Benoît Magimel |
Mamm | Monique Stalens |
Zoumaachen
Si huet a bekannte Filmer wéi Rendez-vous (1985) vum André Téchiné, The Unbearable Lightness of Being (1988) vum Philip Kaufman, The English Patient (1996) vum Anthony Minghella an Trois couleurs: Bleu (1993) vum Krzysztof Kieślowski matgespillt. Si war weider a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Jean-Luc Godard, Louis Malle, Michael Haneke an John Boorman ze gesinn.
Si krut 1997 en Oscar als bescht Schauspillerin an enger Nieweroll am Film The English Patient an 1994 en César als bescht Schauspillerin am Film Trois couleurs: Bleu. Um Festival vu Cannes 2010 gouf si als bescht Schauspillerin am Film Copie conforme ausgezeechent.