Joseph de Ferraris
Militär an der éisträichescher Arméi a Kartograph / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Grof Joseph Jean François de Ferraris, gebuer den 20. Abrëll 1726 zu Lunéville a gestuerwen den 1. Abrëll 1814 zu Wien, war en adelegen Offizéier an der éisträichescher Arméi a Feldmarschall an den Éisträicheschen Nidderlanden. Hien ass virun allem fir déi Sammlung vun topographesche Kaarte bekannt, déi ënner senger Supervisioun ausgeschafft goufen, an déi ongeféier déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg ofdecken (haut ënner Carte de Ferraris oder Carte de Cabinet des Pays-Bas autrichiens bekannt).
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Joseph de Ferraris | |
---|---|
Gebuertsnumm | Joseph Johann de Ferraris |
Gebuer |
20. Abrëll 1726 Lunéville |
Gestuerwen |
1. Abrëll 1814 Wien |
Nationalitéit | Éisträichesch Nidderlanden |
Aktivitéit | Kartograph, Offizéier |
Zoumaachen