Joseph Barbera
US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Barbera, gebuer de 24. Mäerz 1911 zu New York, a gestuerwen den 18. Dezember 2006 zu Los Angeles war en US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
Joseph Barbera | |
---|---|
Gebuer |
24. Mäerz 1911 New York |
Gestuerwen |
18. Dezember 2006 Studio City |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Pratt Institute |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Animateur, Dréibuchauteur, Delegéierte Produzent, Televisiounsproduzent |
De Barbera huet an den 1920er Jore fir d'éischt niewelaanscht Cartooner u verschidden Zäitschrëfte vekaf. Duerno huet en als Gag-Auteur vun engem Zeechentrick-Studio geschafft. 1931 huet en ugefaangen als Animateur ze schaffen.
1937 goung e bei d'MGM. Hei huet hien de William Hanna kennegeléiert. Zesummen hu si d'Aventurë vum Tom and Jerry erfonnt an och déi vun de Flintstones (dt: Familie Feuerstein; fr: Les Pierrafeu), the Jetsons, de Scoobi-Doo an dem Yogi Bear. 1955 huet e mam Barbera d'Hanna-Barbera-Studioe gegrënnt.
De Joseph Barbera ass den 18. Dezember 2006 am Alter vu 95 Joer zu Los Angeles gestuerwen, fënnef Joer no sengem Kolleeg William Hanna.