Johnny Cash
US-amerikanesche Komponist, Sänger, Lidderschreiwer, Museker, Entertainer a Filmschauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Johnny Cash, gebuer de 26. Februar 1932 zu Kingsland, Arkansas, USA, a gestuerwen den 12. September 2003 zu Nashville, Tennessee, USA, war en US-amerikanesche Komponist, Sänger, Lidderschreiwer, Museker, Entertainer a Filmschauspiller.
Johnny Cash | |
---|---|
Gebuertsnumm | J. R. Cash |
Gebuer | 26. Februar 1932 |
Gestuerwen |
12. September 2003 Nashville |
Doudesursaach | Zockerkrankheet |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Liddermécher, Schauspiller, Gittarist |
Partei | Onofhängeg |
Member vun | The Highwaymen |
Famill | |
Bestuet mat | Vivian Liberto, June Carter |
Kanner | Rosie Nix Adams, Rosanne Cash, John Carter Cash, Kathy Cash, Cindy Cash, Tara Cash |
De Cash war bekannt wéinst senger markanter Bassbariton-Stëmm an dem sougenannte „Boom-Chicka-Boom“-Sound vu senger Band Tennessee Three an och wéinst senge kriteschen an onkonventionellen Texter. Säi musikalesche Spektrum ass vun den 1950er Jore mat Country, Gospel, Rockabilly, Blues, Folk a Pop bis zum Alternative Country am Ufank vum 21. Joerhonnert gaangen. Legendär si seng Concerten an de Prisonge Folsom a San Quentin Enn der 1960er Joren.
De Johnny Cash, deen de Spëtznumm „Man in Black“ hat, huet zirka 500 Lidder geschriwwen, méi wéi 50 Milliounen Diske verkaaft a gouf mat 13 Grammyen ausgezeechent.