John-Cockerill Monument (Bréissel)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'John-Cockerill Monument am Quartier Léopold zu Ixelles an der Haaptstadregioun Bréissel steet op der Place du Luxembourg virum fréiere Gebai vun der Gare de Bruxelles-Luxembourg
D'Monument zu Éiere vum John Cockerill ass aus de Joren 1870-1871 a gouf vum franséische Sculpteur Armand Cattier geschaf. Et gouf 1872 ageweit.
Déi véier kleng Skulpturen déi ronderëm de Sockel stinn stellen e Schmadd (oder e Glasbléiser)[1], e Mecanicien, e Kuelegrouwenaarbechter an e Puddler duer. Et sinn nieft de Skulpture vum Monument zu Seraing déi éischt realistesch Skulpture vun Aarbechter aus der Eisenindustrie an der Belsch.
Um Sockel si véier eidel Medaillonen, déi héchswahrscheinlech fir Portraite vum John Cockerill sengen enke Mataarbechter geduecht waren. D'Nimm dovu stinn ënner de Medaillonen.
Opschrëften:
Face 1: Érigé par W. Rau [2]; A John Cockerill le père des ouvriers.
Face 2: G. Pastor [3], M. Poncelet; Intelligence
Face 3: H. Memminger, H.L. Alexander; 1790-1840
Face 4: P. Wery. H.Brialmont; Travail
- Le mécanicien Beaufort.
- Le forgeron Lognoul.
- John Cockerill.
- Le houilleur Jacquemin.
- Le puddleur Lejeune.
Den 1. Februar 2024 gouf bei enger Manifestatioun vu Baueren d'Statu vandaliséiert an déi vum Mecanicien Beaufort vum Sockel gerappt an deelweis zerstéiert.[4]