Johannes Mario Simmel
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Johannes Mario Simmel, gebuer de 7. Abrëll 1924 zu Wien a gestuerwen den 1. Januar 2009 bei Zug, war en éisträichesche Schrëftsteller.
Séier Fakten Pseudonym, Gebuer ...
Johannes Mario Simmel | |
---|---|
Pseudonym | Michael Mohr |
Gebuer |
7. Abrëll 1924 Wien |
Gestuerwen |
1. Januar 2009 Luzern |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Journalist, Schrëftsteller |
Zoumaachen
De Simmel ass an Éisträich an an England opgewuess. Hien huet eng Ausbildung als cheemeschen Ingenieur gemaach a vun 1943 bis zum Enn vum Zweete Weltkrich an der Fuerschung geschafft. Duerno war hien Iwwersetzer an Dolmetscher fir d'amerikanesch Militärregierung an huet ugefaange Geschichten a Filmritiken an der Wiener Welt am Abend ze publizéieren. Vun 1950 u war hie Reporter fir déi Münchener Illustréiert Quick.
Bekannt war hie fir seng Dréibicher a virun allem Bestseller-Romaner, déi an den 1960er an 1970er Jore mat Succès verfilmt goufen.