Jean Dubuffet
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Philippe Arthur Dubuffet, gebuer den 31. Juli 1901 zu Le Havre a gestuerwen den 12. Mee 1985 zu Paräis, war e franséische Moler, Sculpteur, Collage-, Assemblage- an Aktiounskënschtler.
Jean Dubuffet | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Philippe Arthur Dubuffet |
Pseudonym | Jan du qu, J. Dubufe, Louis-Léon Bendy |
Gebuer |
31. Juli 1901 Le Havre |
Gestuerwen |
12. Mee 1985 6. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Académie Julian |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, visuelle Kënschtler, Schrëftsteller, Designer, Graphiker, Graveur, plastesche Kënschtler, Bauzeechner, Zeechner, Philosoph |
Member vun | Royal Academy |
Hie war en Haaptrepresentant vum Art brut an zielt zu de prominentste Vertrieder vun der franséischer Konscht an de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich.
Hien huet sech fir eng antiintellektuell, antiakadeemesch Konscht agesat, déi vum Bildvocabulaire vu Kanner oder Geeschteskranken inspiréiert ass a "graff" (brut) wéi se ass, ëmgesat gëtt.
Hien huet mat villen Zorte vun Ënnerlagen experimentéiert, Mëschtechniken, Assemblagen, Lithographien, Skulpturen, asw. Ausserdeem huet hie komponéiert an och geschriwwen. Zu Liefzäiten huet hie Kollektioune vu sengem Wierk dem Musée des arts décoratifs zu Paräis an dem Stedelijk Museum zu Amsterdam geschenkt. D'Fondation Dubuffet huet zu Paräis an zu Périgny-sur-Yerres Muséeë mat weidere Wierker vun him ageriicht.
Säi Graf ass um Kierfecht vun Tubersent.