James Bond
fiktive Geheimagent / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den James Bond ass e fiktive Personnage vun engem sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf, an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun: Kingsley Amis, John Pearson, John Gardner, Raymond Benson an, zanter kuerzem, Charlie Higson).
James Bond | |
---|---|
Createur | Ian Fleming |
Ass en(g) | fiktive Mënsch, literaresch Figur |
Geschlecht | männlech |
Aktivitéit | Spioun |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Solange, Paris Carver |
Kanner | Mata Bond |
Universum | |
Present am |
Dr. No, From Russia with Love, Thunderball, You Only Live Twice, On Her Majesty's Secret Service, Diamonds Are Forever, Casino Royale, Never Say Never Again, Quantum of Solace, Spectre, GoldenEye, Octopussy, Tomorrow Never Dies, The World Is Not Enough, Live and Let Die, The Living Daylights, Licence to Kill, The Man with the Golden Gun, Die Another Day, The Spy Who Loved Me, For Your Eyes Only, A View to a Kill, Moonraker, Skyfall, Casino Royale, No Time to Die, Goldfinger |
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den James-Bond-Bicher.
De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt an huet spéider der Fra vun deem Mann an engem Bréif geschriwwen: "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "dabbel-ou-seven" ausgeschwat gëtt. Déi "duebel 0" heescht datt hien d'Licence to kill huet; et ass d'Autorisatioun fir op senge Missioune Leit ëmzebréngen.
Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi vun EON Productions gemaach goufen an déi e grousse Succès haten.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den James-Bond-Filmer.
D'Majoritéit vun deene Filmer gouf vum Albert R. Broccoli a vum Harry Saltzman gemaach. Spéiderhin sinn dem Broccoli seng Duechter, d'Barbara Broccoli an säi Stéifjong, de Michael G. Wilson, weidergefuer. D'Filmer goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Maart bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op de Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.
Den "James Bond" ass an d'populär Kultur an an de populäre Langage integréiert ginn, am engleschsproochege Raum soen d'Leit wa se eppes Futuristesches beschreiwe wëllen: "right out of James Bond", "James Bond style security", asw.
Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction.