Inselen ënner dem Wand (Antillen)
Inselgrupp an der Karibik, virun der Nordküst vu Südamerika / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Inselen ënner dem Wand sinn de südlechen Deel vun de Klengen Antillen a leie am Karibesche Mier, virun der Nordküst vu Südamerika. An der englescher Sprooch ginn d'Inselen ënner dem Wand als Leeward Antilles bezeechent, am Géigesaz zu de Leeward Islands a Windward Islands, den zwéin Deeler vun den Inselen iwwer dem Wand.
Inselen ënner dem Wand Südlechen Deel vun de Klengen Antillen (Leeward Antilles) | |
---|---|
Inselen ënner dem Wand | |
Geographie | |
Land | Holland, Venezuela |
Läit an/am | Karibesche Mier |
Koordinaten: | 14° 13’ 59’’ N 61° 21’ 0’’ W |
Fläch | 2.000 km² |
Verwaltung | |
Demographie |
D'Insele Margarita, Cubagua a Coche bilden de venezuelanesche Staat Nueva Esparta. Déi sougenannt ABC-Inselen (Aruba, Bonaire a Curaçao) gehéieren zu Holland. Déi aner Inselen an Inselgruppe gehéieren zu de ronn 600 Insele vun de Federalen Dependancë vu Venezuela ((es) Dependencias federales).
Anescht wéi d'Inselen iwwer dem Wand, leien d'Inselen ënner dem Wand net am Afloss vum Nordost-Passat an hunn dowéinst e vill méi dréchent Klima.
Déi meescht Awunner liewen op Aruba, Curaçao a Margarita.