Hoergäns
Vugel aus der Famill vun de Gruidae / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hoergäns, och nach Huergäns oder Krukert (Grus grus), ass e Vugel aus der Famill vun de Gruidae. D'Aart gehéiert also net zu de Gänsen (Anseridae).
Hoergäns, Krukert | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Krukert | |||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Kranich fr: Grue cendrée | ||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Grus grus (Linnaeus, 1758) | |||||||||||||
Hoergänsen um Zuch (2018, iwwer Heeschpelt). |
D'Hoergänse liewe vum Fréijoer bis an den Hierscht an de Fiichtgebidder an an de Mouere vu Skandinavien, Osteuropa an och groussen Deeler vu Sibirien. Si friesse Planzen a kleng Déieren. D'Zuel vun de Bruttkoppelen huet zanter dem Ufank vun den 1990er Joren zougeholl, soudatt d'Aart haut net a Gefor ass. 2003 gouf de Bestand op ronn 360.000 Exemplare geschat[1].
Am Hierscht verloossen d'Hoergänsen hir Bruttgebidder am Norden a fléien a Gruppen no Süden, wou s'iwwerwanteren. Déi europäesch Hoergänsen iwwerwantere virun allem am Süde vu Spuenien, an Nordafrika an zum Deel och südlech vun der Sahara. Zanter enger Rëtsch Joren iwwerwantert och eng Grupp vun hinnen um Lac du Der am Nordoste vu Frankräich. Eng aner Grupp iwwerwantert an de Landes am Naturschutzgebitt ëm d'Kueleweieren an der Géigend vu Morcenx an Arjuzanx wat zanter 1990 eng Plaz vun internationaler Importenz fir hir Iwwerwanterung ass. Am Virfréijoer zéie se dann erëm an ëmgedréinter Richtung an hir Bruttgebidder zeréck.