Henry Fonda
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Henry Fonda, gebuer als Henry Jaynes Fonda de 16. Mee 1905 zu Grand Island, Nebraska a gestuerwen den 12. August 1982 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Henry Fonda | |
---|---|
Gebuertsnumm | Henry Jaynes Fonda |
Gebuer | 16. Mee 1905 |
Gestuerwen |
12. August 1982 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of Minnesota |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Marinnoffizéier, Beienziichter, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsproduzent, Schauspiller, Filmproduzent |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Frances Ford Seymour |
Kanner | Peter Fonda, Jane Fonda |
Den Henry Fonda ass de Papp vun de Schauspiller Jane Fonda a Peter Fonda an de Grousspapp vun der Schauspillerin Bridget Fonda.
Den Henry Fonda huet souwuel a klassesche Western wéi My darling Clementine vum John Ford an The Ox-Bow Incident vum William A. Wellman matgespillt, wéi spéider dann och am italieenesche Kult-Western C'era una volta il West vum Sergio Leone. Vu sengen dramatesche Filmer siwen ernimmt Jezebel, vum William Wyler, The Wrong Man vum Alfred Hitchcock, 12 Angry Men a Fail-Safe déi zwéi leschtgenannte vum Sidney Lumet. A grouss opgezunnenen historesche Filmer war den Henry Fonda och ze gesinn, wéi War and Peace vum King Vidor,The Longest Day vum Ken Annakin, Andrew Marton a Bernhard Wicki an How the West Was Won vum John Ford, Henry Hathaway an George Marshall.
A sengem leschte Kinosfilm On Golden Pond vum Mark Rydell huet hien déi eenzeg Kéier a senger Carrière mat der Katharine Hepburn zesummegespillt. Och war et den eenzege Film zesumme mat senger Duechter Jane Fonda. Fir seng Haaptroll an dësem Film krut hien och den Oscar als beschte Schauspiller.