Heinkel He 70
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Heinkel He 70 Blitz ass e Schnellverkéiersfliger, dee vum Siegfried Günter entworf gouf an zanter 1932 vun den Ernst Heinkel Fligerfabriken zu Rostock am Optrag vun der Lufthansa gebaut gouf. E war eng zäitlang de séierste Verkéiersfliger op der Welt (Spëtzevitesse 362 km/h), wat him den Numm Blitz abruecht huet. En ass fir d'éischt den 1. Dezember 1932 geflunn, knapps 5 Méint nodeem en entworf gouf.