Guadalquivir
Floss a Spuenien / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guadalquivir ass mat enger Längt vu 602 km ee vun deene längste Flëss a Spuenien. En entspréngt an der Sierra de Cazorla a leeft bei Sanlúcar de Barrameda an de Golf vu Cádiz. Säin Numm ass vum arabesche Wuert Wadi al-Kabir - "Grousse Floss" ofgeleet. An der Antiquitéit hat de Floss de laténgeschen Numm Baetis (och: Betis).
Séier Fakten Längt, Debit ...
Zoumaachen
Um Guadalquivir leien d'Stied Córdoba a Sevilla. Bis Sevilla ass de Floss och fir Héichmierschëffer schëffbar.
Wichtegst Nieweflëss si Genil, Guadalbullón a Guadiana Menor.