Giuseppe Tomasi di Lampedusa
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Giuseppe Tomasi di Lampedusa, gebuer den 23. Dezember 1896 zu Palermo a gestuerwen den 23. Juli 1957 zu Rom, war en italieenesche Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler, dee virun allen duerch säi Roman Il Gattopardo bekannt ginn ass. En hat deen 1954 geschriwwen, e koum awer eréischt posthum eraus.
Giuseppe Tomasi di Lampedusa | |
---|---|
Gebuer |
23. Dezember 1896 Palermo |
Gestuerwen |
23. Juli 1957 Roum |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Essayist |
Hie kënnt aus enger vun den eelste Famillje vun der sizilianescher Aristokratie. Déi huet awer hiren Afloss a Räichtum no an no verluer. An Il Gattopardo thematiséiert hien dësen Niddergang unhand vun der Famill Salina, déi fir seng eege Famill steet.
De Film Il Gattopardo vum Luchino Visconti, mam Burt Lancaster als Grof Salina, der Claudia Cardinale als Angelica an dem Alain Delon als Tancredi, huet 1963 um Filmfestival vu Cannes d'Gëlle Palm kritt.