Ginger Rogers
US-amerikanesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ginger Rogers, fir richteg Virginia Katherine McMath, gebuer de 16. Juli 1911 zu Independence, Missouri a gestuerwen de 25. Abrëll 1995 zu Rancho Mirage, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Schauspillerin. Och wann hir Filmcarrière sech vun den 1930er Joren un iwwer 3 Joerzéngter gespaant huet, wourënner och méi eescht Rollen, sinn et virun allem déi zéng Filmer déi se zesumme mat hirem Filmpartner Fred Astaire gedréint huet, an an deene vill gesongen a gedanzt gouf, déi s'am meeschte bekannt gemaach hunn.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ginger Rogers | |
---|---|
Portrait vun 1943 | |
Gebuertsnumm | Virginia Katherine McMath |
Gebuer |
16. Juli 1911 Independence |
Gestuerwen |
25. Abrëll 1995 Rancho Mirage |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Cambridge, Green B. Trimble Technical High School |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Dramatiker, Dänzer, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Sänger, Schrëftsteller, Schauspiller |
Partei | Republican Party |
Member vun | Daughters of the American Revolution |
Famill | |
Bestuet mat | Lew Ayres, Jacques Bergerac, William Marshall, Jack Pepper, Jack Briggs |
Zoumaachen
Fir de Film Kitty Foyle krut si 1941 den Oscar fir déi bescht Haaptroll.
1984 huet si bekannt gemaach, sech aus dem Schowbusiness zeréckzéien ze wëllen. 1991 huet se hir Autobiographie mam Titel Ginger, My Story publizéiert.