Friedrich Schlegel
däitsche Philosoph, Schrëftsteller, Literatur- a Konschtkritiker, Historiker a Philolog / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Karl Wilhelm Friedrich von Schlegel, gebuer den 10. Mäerz 1772 zu Hannover a gestuerwen den 12. Januar 1829 zu Dresden, war en däitsche Kulturphilosoph, Schrëftsteller, Literatur- a Konschtkritiker, Historiker a Philolog. Hie gëllt als Pionéier vun der Indogermanistik an als dichtegen Indolog. Seng Monographie Über die Sprache und Weisheit der Indier huet eng grouss Resonanz fonnt.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Friedrich Schlegel | |
---|---|
Gebuer |
10. Mäerz 1772 Hannover |
Gestuerwen |
12. Januar 1829 Dresden |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Philosoph, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Romancier, Literaturkritiker, Universitéitsprofesser, Dichter, Editeur, Historiker, Konschthistoriker |
Famill | |
Bestuet mat | Dorothea Schlegel, Dorothea Schlegel |
Geschwëster | August Wilhelm Schlegel |
Zoumaachen
De Friedrich Schlegel war nieft sengem Brudder August Wilhelm Schlegel ee vun de wichtegste Vertrieter vun der Jenaer Fréiromantik. An der Romantik huet de Friedrich Schlegel gär ironesch Komponente gebraucht, wat méi spéit romantesch Ironie genannt gouf.
De Schlegel huet gär Aphorisme geschriwwen,