Fasaneninsel
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fasaneninsel (es: Isla de los Faisanes, fr: Île des Faisans, eu: Konpantzia) am ënneschten Deel vum Floss Bidasoa an Nordspuenien ass e Kondominium vu Frankräich a Spuenien.
Méi Informatiounen Geographie, Läit an/am ...
Fasaneninsel | |
---|---|
Geographie | |
Land | Spuenien Frankräich |
Läit an/am | Bidasoa |
Koordinaten: | 43° 20’ 34.23’’ N 01° 45’ 55.85’’ W |
Fläch | 6,82 a |
Verwaltung | |
Statut | Kondominium |
Verwaltungseenheet | ESP Provënz Guipúzcoa FRA Pyrénées-Atlantiques |
Demographie | |
Awunnerzuel | net bewunnt (-) |
Zoumaachen
Op där Insel gouf de 7. November 1659 de Pyrenäe-Fridden no zéie Verhandlunge geschloss. E Monument an der Mëtt vun der Insel erënnert dorun.
A senger Eegenschaft als Chambellan um Kinnekshaff vu Madrid hat den Diego Velazquez op der Fasaneninsel d'Treffe vun de Kinnekskanner organiséiert, ier et den 9. Juni 1660 zu Saint-Jean-de-Luz zu der Hochzäit vum Kinnek Louis XIV. mat der Infantin vu Spuenien, der Marie-Thérèse vun Éisträich koum.