Eolesch Inselen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eolesch Inselen (Italieenesch: Isole Eolie) oder Liparesch Inselen (no der Haaptinsel Lipari) sinn e vulkanescht Archipel nërdlech vu Sizilien, am Tyrrhenesche Mier.
Séier Fakten Geographie, Land ...
Eolesch Inselen | |
---|---|
Geographie | |
Land | Italien |
Koordinaten | 38°29'47,8"N, 14°56'9,2"O |
Fläch | 114,7 km² |
Héchste Punkt | Monte Fossa delle Felci (962 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Provënz Messina |
Demographie | |
Awunner | 15.419 |
Awunnerdatum | 2019 |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC+1, UTC+2 |
Zoumaachen
D'Eolesch Insele sinn hirer 27, wouvun der awer nëmme 7 bewunnt sinn:
- Lipari, mat 10.554 Awunner, d'Haaptuertschaft ass d'Stad Lipari. Hei gëtt Bimssteen ofgebaut;
- Salina, 2.300 Awunner, ass mat 27 km² déi zweetgréisst Insel vum Archipel
- Vulcano huet 717 Awunner. Den 391 Meter héije Vulkan ass fir d'lescht 1890 ausgebrach, et gëtt awer um Bord vum Krater konstant Emanatioune vu Schwiefeldämp (sougenannt fumeroli). Och op Plaze beim oder am Mier komme sou Dämp eraus, an de Bulli, dee sou entsteet, gëtt fir therapeutesch Bieder benotzt.
- Stromboli huet 420 Awunner, an ass bekannt wéinst sengem Vulkan, deen aktiv ass;
- Panarea, huet 280 Awunner an ass 3,4 km² grouss;
- Filicudi, 250 Awunner, besteet aus 6 Vulkanen, déi net méi aktiv sinn;
- Alicudi, 150 Awunner, ass déi westlechst Insel vum Archipel.
Si sinn zanter 2000 op der UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen agedroen.