Élisabeth Borne
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Élisabeth Borne, gebuer den 18. Abrëll 1961 zu Paräis, ass eng franséisch Politikerin (LREM, TdP), fréier Beamtin a Managerin.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Élisabeth Borne | |
---|---|
Gebuer |
18. Abrëll 1961 15. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École polytechnique, École nationale des ponts et chaussées |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur, Héije Fonctionnaire |
Partei | Renaissance |
Famill | |
Kanner | Nathan Allix |
Zoumaachen
Si war vum 16. Mee 2022 bis zum Récktrëtt vun hirer Regierung, den 8. Januar 2024, Premierministesch vu Frankräich.
Virdru war si Presidentin vun der ëffentlecher Transportentreprise RATP (2015–2017), Ministesch fir Verkéier (2017–2019), fir sozial-ekologesche Changement (2019–2020) a fir Aarbecht (2020–2022).