Europäesch Fräihandelsassociatioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Fräihandelsassociatioun (besser bekannt ënner hirem engleschen Akronym EFTA (fir: European Free Trade Association), och bekannt als Association européenne de libre-échange, AELE), ass eng International Organisatioun, déi de 4. Januar 1960 zu Stockholm gegrënnt gouf. Den Accord dozou ass den 3. Mee 1960 a Kraaft getrueden. Haaptzil war et engersäits, Wuesstem a Wuelstand vun de Memberlänner duerch verdéiften Handel an Integratioun ze vergréisseren, ouni awer sou wäit ze goe wéi d'Europäesch Gemeinschaften, an deemno a Géigegewiicht zu dësen ze sinn.
D'Grënnungsmembere vun der EFTA waren Dänemark, Norwegen, Éisträich, Portugal, Schweden, d'Schwäiz an d'Vereenegt Kinnekräich. Island koum 1970 no, Finnland 1986 a Liechtenstein (1991).
Mä no an no sinn déi meescht Länner den Europäesche Gemeinschaften, resp. der Europäescher Unioun (EU) bäigetrueden: Groussbritannien an Dänemark 1972, Portugal 1986, an Éisträich, Finnland a Schweden 1995, sou datt zanterhir just nach déi aktuell véier Memberstaaten iwwereg blouwen: Norwegen, Liechtenstein,, d'Schwäiz an Island.
Dräi vun deene véier (d'Schwäiz ass net mat derbäi) hunn 1994 en Associatiounsaccord mat der EU ofgeschloss zum Europäesche Wirtschaftsraum (en.: European Economic Area (EEA), fr. Espace Economique Européen (EEE)), déi et hinnen erlaabt, am Europäesche Bannemaart matzemaachen. D'Schwäiz wollt dee Wee net goen a reegelt zanterhier hir Relatioune mat der EU, och, wat deelweisse Maartzougank betrëfft, iwwer bilateral sektoriell Accorden.
Island huet, als Suite vum Finanz- a Wirtschaftsdebakel bei hinnen, 2009 ugefaangen, mat der EU iwwer e Bäitrëtt ze verhandelen. Dës Negociatioune hunn awer zanter 2013 stallgehalen.