Douro
Floss op der ibeerescher Hallefinsel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Douro [ˈdoɾu], op (Spuenesch Duero ['dweɾo]) ass, mat ronn 897 Kilometer, deen drëttlängste Floss op der ibeerescher Hallefinsel. En huet seng Quell an de Picos de Urbión, an der spuenescher Provënz Soria, leeft duerch Nordspuenien an Nordportugal a leeft bei Porto an den Atlanteschen Ozean.
Aner Stied op sengem Wee sinn, a Spuenien, Soria, Almazán, Aranda de Duero, Tordesillas a Zamora, all an der Provënz Kastilien-León. Op enger Längt vun 112 km mécht en dann d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal, do si seng Uwänner Deel vum Naturpark Arribes del Duero an Douro Internacional. Vun do u leeft en 213 km duerch Portugal, wou en d'Stied Miranda do Douro, Pinhão (Alijó) a Peso da Régua passéiert, an och d'Wäibaugebitt Alto Douro, wou d'Drauwe vum Porto ugebaut ginn. Bei der Stad Porto (am Norden) a Vila Nova de Gaia (am Süden) leeft en an den Atlantik.