Dietmar Schönherr
éisträichesche Schauspiller, Schlagersänger, Speaker vu Lauschterspiller, Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Iwwersetzer a Regisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dietmar Otto Schönherr, gebuer de 17. Mee 1926 zu Innsbruck, Tirol a gestuerwen den 18. Juli 2014 zu Santa Eulària des Riu, Ibiza, Balearen, Spuenien, war en éisträichesche Schauspiller, Schlagersänger, Speaker vu Lauschterspiller, Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Iwwersetzer a Regisseur.
Dietmar Schönherr | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dietmar Otto Hugo Schönherr |
Gebuer |
17. Mee 1926 Innsbruck |
Gestuerwen | 18. Juli 2014 |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Schauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsmoderateur, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Filmregisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Vivi Bach |
Vun 1947 bis 1952 war hie Speaker, Schauspiller, Regisseur, Reporter an Auteur beim éisträichesche Radio. Duerno goung en als Radiosdramaturg a Moderater bei de WDR op Köln.
1955 hat hien als Schauspiller mam Film Rosenmontag säin Duerchbroch. Hien huet vun do un an iwwer 100 Kinosfilmer matgespillt a war och am Theater aktiv.
1958 huet hie seng Carrière als Schlagersänger ugefaangen, wou en allerdéngs manner Succès hat.
Hie gouf duerch seng Haaptroll an der éischter däitscher Science-Fiction-Tëleesserie Raumpatrouille bekannt an och als Moderater vun der Show Wünsch Dir was a vun 1973 u vun der Talkshow Je später der Abend op der däitscher Televisioun.
Den Dietmar Schönherr huet sech ausserdeem zanter 1985 fir sozial a kulturell Projeten am Nicaragua engagéiert.
Nieft all deem huet hien och Romaner, Erzielunge Kanner- a Jugendbicher geschriwwen, an eenzel Wierker vum André Gide a vum Jean-Paul Sartre aus dem Franséischen an d'Däitscht iwwersat.
Hie war fir d'éischt, vun 1950 bis 1964 mat der Ellen Schönherr (1923-2013) bestuet, duerno, vun 1965 un, mat der dänescher Produzentin, Sängerin a Schauspillerin Vivi Bach. D'Vivi Bach ass den 22. Abrëll 2013 gestuerwen.