César Franck
franséische Komponist an Organist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De César Auguste Jean Guillaume Hubert Franck, gebuer den 10. Dezember 1822 zu Léck a gestuerwen den 8. November 1890 zu Paräis, war e franséische Komponist an Organist vun däitsch-belschen Originnen. Hie gëtt haut zu de bedeitendste franséische Komponisten, Enseignanten an Organiste vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert gezielt.
César Franck | |
---|---|
Gebuertsnumm | César Auguste Jean Guillaume Hubert Franck |
Gebuer |
10. Dezember 1822 Léck |
Gestuerwen |
8. November 1890 Paräis |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden, Belsch, Frankräich |
Educatioun | Paräisser Conservatoire |
Aktivitéit | Komponist, Organist, Musekspedagog, Pianist, Enseignant |
Hien huet zu Léck an zu Paräis um Konservatoire Musek geléiert a gouf 1846 Organist an e puer Kierchen zu Paräis Vun 1858 bis zu sengem Doud war en Titularorganist an der Kierch Ste-Clotilde. 1871 war e mat Grënner vun der Société Nationale de Musique a méi spéit hire President. 1872 gouf e Professer fir Uergel um Paräisser Conservatoire.
Seng Kompositioune fir Uergel zeechne sech duerch en neie Stil, deen hien entwéckelt hat, d'Polyphonie aus.
Hien ass un de Suitë vun engem Accident mat engem Bus gestuerwen.
Den Asteroid (4546) Franck gouf no him genannt.