Cattleya labiata
From Wikipedia, the free encyclopedia
Cattleya labiata, ass eng Orchideeënaart aus der Gattung Cattleya. Se gouf 1818 a Brasilien entdeckt.
Séier Fakten Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...
Orchideeën | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Stamm | Epidendreae |
Ënnerstamm | Laeliinae |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Monokotyledonen |
Uerdnung | Asparagales |
Famill | Orchideeën |
Ënnerfamill | Epidendroideae |
Gattung | Cattleya |
Wëssenschaftlechen Numm | |
''Cattleya labiata'' | |
Lindl. | |
Zoumaachen
Se wiisst am Nordoste vu Brasilien, an de Bundesstaate Pernambuco an Alagoas, woubäi déi am Pernambuco méi kleng a méi staark mof Bléien hu wéi déi aus anere Géigenden. Et gëtt och Varietéiten, wéi d'Cattleya labiata var. semialba, déi grouss wäisselzeg bis gielzeg Bléien hunn, a bei deenen zum Deel d'Bléi just bannea mof ass.
Wéi vill aner Orchideeënaarten wiisst och déi hei als Epiphyt op Beem, wou se genuch Luucht kritt, ma si kann och op anere Plaze wuessen, wéi direkt um Fiels, mat ganz wéineg Buedem.