Bodensee
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bodensee ginn zwéi Séie genannt, duerch déi de Rhäin vun Osten no Weste leeft: Den Obersee (meeschtens einfach Bodensee genannt), an dee méi klengen Untersee, déi duerch e 4 km laange Laf vum Rhäin, Seerhein genannt, matenee verbonne sinn. De nordwestleche Wupp gëtt Überlinger See genannt. De Bodensee läit am Bodenseebaseng, deen Deel vum nërdlechen Alpenvorland ass.
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Land, Verwaltungseenheet ...
Land |
Schwäiz, Däitschland, Éisträich |
---|---|
Verwaltungseenheet | Vorarlberg |
Länner um Uwänner | Däitschland, Schwäiz, Éisträich |
Fläch | 536 km² |
Héicht. i. M. | 395,23 m |
Baseng | Rhäinbaseng |
Zoufloss | Rhäin, Schussen, Argen, Rotach, Lipbach |
Zoumaachen
De Bodensee läit op der Grenz vun dräi Staaten: Däitschland (mat de Bundeslänner Baden-Württemberg a Bayern), Éisträich (Bundesland Vorarlberg) an der Schwäiz (mat de Kantonen Thurgau, St. Gallen a Schaffhausen). Säin Uwänner huet eng Längt vun enger 273 km; dovun 173 an Däitschland, 72 an der Schwäiz an 28 an Éisträich.