Atlantis (Raumfär)
Space Shuttle vun der NASA / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Raumfär Atlantis ass e Space Shuttle vun der NASA. Si gouf nom éischten amerikaneschen ozeanografesche Fuerschungsschëff Atlantis genannt. Am Abrëll 1984 war se fäerdeg fir den Asaz an hat hiren éischte Fluch am Oktober 1985 (STS-51-J). Déi intern Bezeechnung vum Orbiter heescht OV-104. Hir lescht Missioun goung den 21. Juli 2011 op en Enn.