Arthur Kennedy
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den John Arthur Kennedy, gebuer de 17. Februar 1914 zu Worcester a gestuerwen de 5. Januar 1990 zu Branford, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Arthur Kennedy | |
---|---|
Gebuer |
17. Februar 1914 Worcester |
Gestuerwen | 5. Januar 1990 |
Doudesursaach | Hirekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Kanner | Laurie Kennedy |
Zoumaachen
Den Arthur Kennedy huet seng Schauspillerkarriär zu New York um Broadway ugefaangen. Säin éischte Film fir de Kino war am Joer 1940 City of Conquest vum Anatole Litvak.
Wichteg a bedeitend Filmer a senger Karriär waren Rancho Notorious (1952) vum Fritz Lang, The Man From Laramie (1955) vum Anthony Mann, Elmer Gantry (1960) vum Richard Brooks a Lawrence of Arabia (1962) vum David Lean.