Angström (Moundkrater)
Moundkrater / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Angström ass e klengen Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit um Flaachland vum Oceanus Procellarum. Südlech stinn d'Harbinger-Bierger an d'Hiwwelkette vun de Rimae Prinz iwwer d'Fläch vum Moundozean eraus, souwéi am Osten d'Héichzich vum Dorsum Bucher an Dorsum Argand. Am Weste läit de Krater Krieger.
Séier Fakten Koordinaten, Duerchmiesser ...
D'Moundkrateren Angström a Krieger (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 29°54'0"N, 41°40'12"W |
---|---|
Duerchmiesser | 9,55 km |
Déift | 2.030 m |
Selenographesch Längt | 42° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Anders Jonas Ångström |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ11 |
Zoumaachen
Dem kreesronne, schosselfërmege Krater seng Buedemfläch huet keng bedeitend Opfällegkeeten. De Kraterrand gëtt vun e puer klengen Aschléi ënnerbrach. D'Wänn déi no bannen offalen hunn eng méi héich Albedo wéi d'Maria ronderëm.
Méi Informatiounen Buschtaf/Numm, Positioun ...
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 30,89° N, 41,16° W30.89-41.167 | 6 km | |
B | 31,76° N, 44,19° W31.76-44.197 | 6 km |
Zoumaachen
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom schweedesche Physiker Anders Jonas Ångström genannt.