Andy Warhol
US-amerikanesche Kënschtler / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Andy Warhol, gebuer de 6. August 1928 zu Pittsburgh, PA, a gestuerwen den 22. Februar 1987 zu New York City, eigentlech Andrew Warhola) war en US-amerikanesche Graphiker, Kënschtler, Filmmécher, Editeur souwéi Matgrënner a bedeitende Vertrieder vum Pop-Art.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Andy Warhol | |
---|---|
Gebuertsnumm | Andrew Warhola Jr. |
Gebuer |
6. August 1928 Pittsburgh |
Gestuerwen |
22. Februar 1987 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Carnegie Mellon University |
Aktivitéit | Filmregisseur, Moler, Fotograf, Filmproduzent, Sculpteur, visuelle Kënschtler, Kameramann, Dréibuchauteur, Diarist, Designer, Graphiker, Filmmécher, Graveur, Zeechner, Illustrateur, Auteur, Händler |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Papp | Andrej Warhola |
Mamm | Julia Warhola |
Geschwëster | Paul Warhola, John Warhola |
Zoumaachen
De Warhol gëllt als zentral Figur vum Pop-Art. Hien huet en ëmfangräicht Gesamtwierk hannerlooss, dat vun uganks einfache Reklammsgrafike bis hin zu sengen Tableauen, Objeten, Filmer a Bicher geet; doriwwer eraus war hien, wann och nëmme kuerz, als Museksproduzent aktiv.