Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gouf vu 1775 bis 1783 tëscht den 13 Kolonie vun Nordamerika an hirer Metropol, Groussbritannien, ausgedroen.
D'Englänner hunn d'amerikanesch Kolonisten, déi sech erhuewen hunn « insurgents » oder och « New England Patriots » gedeeft. Den amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gëtt als een Aspekt vun der Amerikanescher Revolutioun gezielt, déi de Vereenegte Staaten erlaabt huet, d'Autonomie z'erreechen, a republikanesch Institutiounen opzebauen. Als wichtege Grënnungsdatum vun der Geschicht vun dësem Land huet de Krich zanter 1777 aner europäesch Groussmuechte mat eragezunn, bei deene Frankräich eng grouss Roll gespillt huet.
De Krich goung mam Traité vu Paräis am Joer 1783 op en Enn, deen d'Onofhängegkeet vun de Vereenegte Staate vun Amerika unerkannt huet. 70.000 Loyalisten hunn nom Krich missen d'Land verloossen, déi meescht sinn a Kanada oder Groussbritannien ausgewandert, oder an d'brittesch Kolonië vun der Karibik.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chronologie vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.